Digitaliséieren.
Mir entwéckelen Apps, Portaler an Dashboards op Mooss an integréiere kënschtlech Intelligenz an Är bestoend Uwendungen a Produiten.
Mir entwéckelen digital Léisungen op Mooss, automatiséieren Är Aufgaben a verbannen Är Software mat Ären Apparater.
Eng Aufgab, déi Dir automatiséiere wëllt?
Mat menger Aufgab ausprobéierenVUN DER SOFTWARE
BIS BEI DEN APPARAT.
Braucht Dir eng App? Wëllt Dir Aufgaben automatiséieren oder Apparater matenee verbannen? Mir entwéckelen déi Léisung, déi Äre Betrib brauch.
Mir entwéckelen Apps, Portaler an Dashboards op Mooss an integréiere kënschtlech Intelligenz an Är bestoend Uwendungen a Produiten.
Mir entwéckele KI-Agenten, déi mat Ärer Software alldeeglech Aufgaben iwwerhuelen. Är Ekipp bestëmmt d’Reegelen an decidéiert, wat si selwer muss fräiginn.
Mir verbannen Är Software mat kompatibele Sensoren an Apparater. Sou kënnt eng Miessung direkt déi richteg Aktioun ausléisen.
Mir passen d’Software an d’Ubindung vun den Apparater un d’Aarbecht vun Ärer Ekipp un.
Wéi mir schaffen100 Stéck stinn op der Rechnung, mee nëmmen 90 sinn ukomm. Är Ekipp gesäit den Ënnerscheed virum Bezuelen.
Eng Rechnung vum Fournisseur kënnt per E-Mail eran.
De Fournisseur A verrechent 100 Deeler.
Um Liwwerschäi steet, wéi vill Deeler ukomm sinn.
Är Ekipp kann den Ënnerscheed virum Bezuele klären.
Eng Réckfro an déi néideg Beleeër leie fir Är Ekipp prett.
E-Mail vum Fournisseur
Fournisseur A
Fournisseur A
Rechnung #2048
Entworf vun der Réckfro
Rechnung #2048
Mir hunn 90 Stéck kritt. Kënnt Dir déi 100 Stéck op der Rechnung iwwerpréiwen?
E Client rifft op Franséisch un a mécht e Rendez-vous aus. Är Ekipp kritt de Resumé op Lëtzebuergesch.
E Client freet op Franséisch no engem Rendez-vous fir en Dënschdeg de Moien.
Den Assistent freet no den Detailer, déi Är Ekipp brauch.
Den Assistent kuckt am Kalenner a proposéiert eng passend Zäit.
De Client ass mat der proposéierter Zäit averstanen.
De Client kritt d’Bestätegung op Franséisch. Är Ekipp kritt de Resumé op Lëtzebuergesch.
Ufro vum Client · Franséisch
« Bonjour, auriez-vous un créneau mardi matin ? »
E Rendez-vous en Dënschdeg de Moien.
Dënschdeg · fräi Terminer
Dënschdeg um 10:30
Resumé fir d’Ekipp · Lëtzebuergesch
De Rendez-vous ass fir en Dënschdeg um hallwer eelef bestätegt. D’Kontaktdonnéeë si gespäichert.
Är Software fënnt zwou verspéit Bestellungen a preparéiert e Message fir all Client. Dir liest d’Messagen, ier se verschéckt ginn.
Fannt déi verspéit Bestellungen a bereet Messagë fir d’Clientë vir.
Den Agent kontrolléiert d’Bestellungen an déi dozou gehéiereg Korrespondenz.
Fir all betraffene Client gëtt e Message virbereet.
Är Ekipp liest d’Entwërf a bestëmmt, wat verschéckt gëtt.
D’Messagë ginn no der Fräigab verschéckt an d’Clientendossiere ginn aktualiséiert.
Är Ufro
Fann déi verspéit Bestellungen a bereet Messagë fir d’Clientë vir.
Bestellungen
2 perséinlech Entwërf
Bestellung 1042
Är Bestellung 1042 ass dräi Deeg ze spéit. Muer schécke mir Iech den neie Liwwerdatum per E-Mail.
Den Techniker hëlt Fotoen a schreift seng Notizen um Handy. De Büro kritt de Rapport, ouni en nach eng Kéier mussen ofzetippen.
Den Asaz gëtt an Ärer App ugeluecht.
Den Techniker fënnt d’Instruktiounen an all néideg Informatioun um Handy.
Den Techniker setzt seng Notizen a Fotoen direkt op der Plaz dobäi.
Déi zoustänneg Persoun liest de Bericht no.
De Büro kritt de Bericht a kann déi nächst Schrëtt verfollegen.
Optrag
Belëftung kontrolléieren
Zougang
Iwwer d’Trap B op den Daach
Notiz vum Techniker
Filter gewiesselt. Foto dobäi.
Nächste Schrëtt
Déi nächst Filterkontroll plangen
E Client freet per E-Mail no engem Präis. Är Ekipp kritt en Entworf mat Äre Präisser a kontrolléiert en, ier d’Offer erausgeet.
E Client schéckt seng Ufro per E-Mail.
Den Agent erkennt de Besoin a weist op feelend Informatiounen hin.
D’Adress steet schonn an der Clientsfiche. Eng Réckfro ass iwwerflësseg.
Den Agent mécht en Entworf op Basis vun Ärem Katalog an Äre Präisreegelen.
Är Ekipp kontrolléiert d’Offer virum Verschécken.
E-Mail vum Client
„Kéint Dir mir eng Offer fir 12 Belëftungsfilter maachen?“
Entworf
Belëftungsfilter
E Killraum bleift ze waarm. Den Techniker kritt d’Nummer vum Raum an d’Temperatur op säin Handy.
E Sensor mellt, datt e Wäert iwwer eng gewëssen Zäit baussent Äre Grenze läit.
De System kontrolléiert d’Grenzwäerter an d’Dauer vun der Ofwäichung.
En Ticket enthält d’Detailer vum Apparat an déi verfügbar Miesswäerter.
Déi zoustänneg Persoun kritt den Alarm mat den néidegen Erklärungen.
Empfang vum Alarm an Asaz ginn zesumme mat der Léisung dokumentéiert.
Temperatur
9 °C
Stéierungsmeldung #017
Dierdichtung gefléckt. Temperatur gepréift.
Dir hutt 80 Stéck um Lager, mee Är Clientë brauchen der 120. D’Software weist, wat feelt, a proposéiert eng Bestellquantitéit.
Verkaf an erfaasste Lagerbeweegunge bréngen de Bestand op den neiste Stand.
Kommend Bestellungen a Liwwerzäite ginn ofgeglach.
De System erkennt, datt de Bestand bis zur nächster Liwwerung net duergeet.
Eng Bestellung beim gewinnte Fournisseur gëtt virbereet.
Déi zoustänneg Persoun gëtt d’Bestellung fräi a verfollegt d’Liwwerung.
Virschlag fir den AkafNobestellung fräiginn
60 Stéck
Eng Reunioun gëtt op 11 Auer verréckelt. D’Luucht an d’Belëftung richte sech nom neie Plang a passen sech un, wann d’Leit ukommen.
De Kalenner weist de Sall an déi nei Auerzäit.
De System plangt d’Astellunge fir de Sall no Äre Virgaben.
Kompatibel Sensore erkennen, datt de Sall besat ass.
Beliichtung a Belëftung souwéi Temperatur ginn ugepasst.
Onbenotzt Beräicher schalten an de Spuermodus. Är Ekipp behält d’Kontroll.
Reunioun verréckelt
09:0011:00
Reuniounssall
Gëtt preparéiertBesatOnbenotzte Beräich
Spuermodus
Dës Beispiller weisen, wat méiglech ass. Déi konkret Léisung hänkt vun Äre Besoinen, Äre Systemer an Äre Reegelen of.
Mir kläre mat Iech, wat Dir braucht, a schaffe vun der éischter Iddi bis bei de Start mat Ärer Ekipp zesummen.
Mir kucken, wat Dir braucht, wéi eng Aufgaben Dir wëllt vereinfachen a mat wéi enge Systemer Dir wëllt weiderschaffen.
Mir entwéckelen eng App oder automatiséieren en Oflaf, sou wéi et bei Är Aarbecht passt.
Mir verbannen Är kompatibel Systemer an Apparater an testen alles zesumme mat Ärer Ekipp.
Mir schwätze mat Iech of, wéi mir Iech nom Start ënnerstëtzen, a passen d’Léisung un, wann Är Besoine sech änneren.
Äntwerten op déi éischt Froen.
Sot eis, wat Dir wëllt verbesseren. Mir kënnen eng Uwendung op Mooss entwéckelen, KI an Är Software integréieren oder engem KI-Agent Aufgaben iwwerdroen. Zesumme wiele mir en éischte Projet, deen Ärer Ekipp am Alldag hëlleft.
Mir kucken eis Är Software an Är Apparater un. Wat mir kënne verbannen oder ergänzen, hänkt vun de Schnëttstellen, den Zougrëffsrechter an der Kompatibilitéit of.
Dir leet fest, wat automatesch leeft a wou eng Persoun eppes fräigi muss. Är Ekipp decidéiert bei de wichtege Schrëtt, och wann Dir KI asetzt.
Mir kläre mat Iech, wéi eng Iwwerwaachung, Maintenance an Ënnerstëtzung Dir braucht. Sou kann d’Léisung mat Ärem Betrib wuessen.
Beschreift eis Är Iddi oder sot eis, wat Iech am Alldag ze vill Zäit kascht. Mir hëllefen Iech, eng passend Léisung ze fannen.
[email protected]Mir konnten den Empfang vun Ärer Ufro net bestätegen. Probéiert et wgl. nach eng Kéier.